Beschreiwung:
D’Gemeng Bartreng an hir KlimaPakt Kommissioun, an Zesummenaarbecht mam CELL – Citizens for Ecological Learning & Living, invitéieren Iech um Biergerforum zum Thema Offallreduktioun deelzehuelen. Äert Duerf brauch Är Iddie fir eis gemeinsam Zukunft!
A Gruppe vu 4 bis 6 Persoune behandelt Dir e spezifesche Sujet, analyséiert d’Problematik, diskutéiert d’Erausfuerderungen déi ze léise sinn, an developpéiert e puer Léisungsvirschléi.
Gleeft Dir, datt Dir zum Wuelbefanne vun Ärer Gemeng bäidroe kënnt? Wëllt Dir zu enger méi ëmweltfrëndlecher Gemeng bäidroen? Interesséiert Iech d'Zukunft vun eisem Planéit a wëllt Dir hëllefen eisen ekologesche Foussofdrock ze reduzéieren?
Da sidd dobäi den 20. November am Centre Atert. Aschreiwung erwënscht iwwer de Link hei drënner.
Programm:
18:45 Accueil vun den Participanten
19:00 Aféierung
19:30 Start vun den Workshoppen
20:30 Présentation vun de Projete
Accueil & Aféierung op Lëtzebuergesch, mat Simultaniwwersetzung op Englesch a Franséisch.
D’Sprooch vun de Workshoppe ka vun de Participanten decidéiert ginn.
Aschreiwung: