
Natur Doheem
Nom groussen Erfolleg vun der éischter Editioun vun eisem Blummeconcours Natur Doheem invitéiert d’Natur- an Ëmweltkommissioun och dëst Joer nees all d‘Bierger vu Bartreng hir schéinsten Naturimpressiounen bei sech doheem (Gäert, Virgäert, Balconen, ...) eran ze schécken.
Dofir maacht ganz einfach Fotoe vun deene schéinsten Naturmotiver bei Iech doheem a schéckt se iwwert de Formulaire hei drënner bis spéitstens den 30 September 2025 eran.
Mat Ärem gréngen Daum verschéinert Dir net nëmmen eist Duerf, Dir leescht och e wäertvollen Déngscht fir den Erhalt vun eiser Natur, a virun allem, vun der Biodiversitéit.
D‘Natur- an Ëmweltkommissioun freet sech schonn op Är Fotoen a proposéiert, wärend engem gesellegen Owend, all de Gewënner hir verdéngte Belounung ze iwwerreechen.

Aschreiwung