Wantermaart
Mir freeën eis Iech och dëst Joer op eise Wantermaart z’invitéieren, dee vum 28. bis 30. November 2025 zu Bartreng am Park Central stattfënnt. Nieft villen Interessante Stänn fannt dir och fir déi 16. Editioun eng flott Animatioun fir Kleng a Grouss. Doriwwer eraus suergen eis Museksveräiner a verschidden Artiste fir musikalesch Highlights. Weider ginn Iech fir de klengen a groussen Honger ënnerschiddlech Spezialitéite vun eise Veräiner ugebueden. Dofir, kommt all bis laanscht, mir freeën eis Iech all um Wantermaart ze gesinn.
Mir sinn op Freides vun 18.00 bis 22.00, Samsdes vun 13.00 bis 22.00 a Sonndes vun 12.00 bis 18.00.
Programm am groussen Zelt
Freides
18:30 Concert Chorale SEA
Samsdes
15:30 The Grinch (2018) - Animatiounsfilm fir Kanner
17:30 Freestyle Gospel
Sonndes
12:00 Concert Bartrenger Musek
13:00 Concert Sequenda / INECC
15:00 De Kleesche kënnt op Besuch
Programm am Chalet
Freides
19:00 - 21:00 Atelier Glitter Tattoos
Samsdes
13:00 - 21:00 Atelier Bijoue mat Pärelen
13:00 - 21:00 Atelier Buttons
14:00 Magic Popcorn Session 1
15:30 Magic Popcorn Session 2
17:15 Magic Popcorn Session 3
20:00 Magical Karaoke Night
Sonndes
12:00 - 15:00 Atelier Glitter Tattoos
13.30 - 14.30 Zauberer Christian Lavey
14:00 - 18:00 Atelier Chrëschtdeko
15:00 - 18:00 Atelier Buttons
16:30 - 17:30 Williams Magic