Wantermaart
Mir freeën eis Iech och dëst Joer op eise Wantermaart z’invitéieren, dee vum 27. bis 29. November 2026 zu Bartreng am Park Central stattfënnt. Nieft villen Interessante Stänn fannt dir och fir déi 17. Editioun eng flott Animatioun fir Kleng a Grouss. Doriwwer eraus suergen eis Museksveräiner a verschidden Artiste fir musikalesch Highlights. Weider ginn Iech fir de klengen a groussen Honger ënnerschiddlech Spezialitéite vun eise Veräiner ugebueden. Dofir, kommt all bis laanscht, mir freeën eis Iech all um Wantermaart ze gesinn.
Mir sinn op Freides vun 18.00 bis 22.00, Samsdes vun 14.00 bis 22.00 a Sonndes vun 12.00 bis 18.00.
Den After Work, deen der Keelt trotzt! Kommt laanscht, de 26. November ab 17.00 Auer am Grousse Chalet (Parc Central) mam DJ Hoffi Zambezi. Bréngt Är Kolleegen, Är Frënn an Är Nopere mat op e Patt an der gemittlecher Atmosphär vum Chalet.
Programm am groussen Zelt
Freides
18:00 Optakt Télévie Bartreng
18:30 Concert Chorale SEA
20:00 Divines
Samsdes
15:30 Der Grinch (2000) - Animatiounsfilm fir Kanner op Daitsch
17:30 Rey & The Soulcats
20:00 Fränz: Swing meets Pop
Sonndes
12:00 Concert Bartrenger Hunneband & Ensemble Instrumental UGDA
15:00 De Kleesche kënnt op Besuch
Programm am Chalet
Freides
18:00 - 22:00 Buttons & Tattoos
Samsdes
14:00 - 22:00 Buttons & Tattoos
14:00 - 15:00 Magicien William
19:30 - 20:30 Magical Karaoke Night
Sonndes
13:00 - 18:00 Buttons & Tattoos
13.30 - 14.30 Magicien Benito
16.30 - 17.30 Magicien Benito
Eis Stänn
Iessen & Gedrénks
Archivins Sarl - Épicerie fine
i.Lagnide - Produits hibiscus
Le Coeur de Meule - Fromagerie / épicerie fine
Poissonnerie Garçon-Valençon - Poissonnerie / épicerie fine
Süden Sarl - Produits provençaux
Tom Wagner - Miel & produits à base de miel
Kreativitéit & Handwierk
Atelier créatif Petra sarl - Floristique
Carolyn Libar - Décoration de Noël
Handmade by Valente - Produits tricotés à la main
Irene Rings - Créations au crochet
Loredana Candles - Bougies
Paloma Nastarowska - Décoration & bougies
Peggy Geisen - Produits tricotés et crochetés
Reet - Textiles et accessoires
Sarah dell’Aera - Prints, gadgets, boucles d'oreilles
a vill méi ...
Curling
Loscht op eng Partie Curling?
Kommt laanscht a probéiert eis Curlingpisten aus a verbréngt eng flott Zäit mat Frënn, der Famill oder mat Äre Kolleeginnen a Kolleegen!
D’Spillreegele vum Curling
D’Iddi ass ganz einfach: Bréngt Är Spillsteng esou no wéi méiglech un d’Mëtt vum Zil!
Wéi gëtt gespillt?
- Maacht zwou Ekippen a wielt Är Faarf.
- Geheit ofwiesselnd Är Spillsteng, andeems Dir se a Richtung Zil rutsche loosst.
- Ziilt op d’Mëtt! D’Zil ass et, Är Spillsteng méi no un d’Mëtt ze placéieren ewéi déi vun der Géigenequipe.
- Spillt mat Strategie! Dir kënnt d'Spillsteng vun der Géigenequipe aus dem Wee stoussen, fir hir Plaz anzehuelen.
- Zielt d’Punkten! Soubal all d'Spillsteng gespillt goufen, kritt déi Ekipp, där hire Spillsteen am nooste bei der Mëtt läit, ee Punkt fir all hir Spillsteng am Zilberäich, déi méi no un der Mëtt leie wéi de beschte Spillstee vun der Géigenequipe.
Wien gewënnt?
D’Ekipp mat de meeschte Punkten um Enn vum Spill gewënnt!
Elo sidd Dir drun!
Curling Challenge
De Schäfferot ass aus dem Trainingscamp zréck a prett fir d'Competitioun! Se hu fläisseg trainéiert, un der Technik gefeilt a sech déi eng oder aner Taktik ausgeduecht. Ob dat alles eppes bréngt fanne mir zesummen eraus.
Wien traut sech Sonndes, den 29. November um 13:00 Auer um Wantermaart am Parc Central, géint de Buergermeeschter a seng zwee Schäffen unzetrieden?
Stellt Äert Kënnen op der Curling-Pist ënner Beweis a fuerdert eisen Trio eraus, egal ob Curling-Profi oder Ufänger; hei steet virun allem de Spaass am Mëttelpunkt.
Mellt Iech séier un a séchert Iech eng vun de limitéierte Plazen!
E klengen Don fir e gudden Zweck, bréngt eist Häerz zum liichten.
Weider Informatiounen zum Télévie zu Bartreng fannt Dir op eiser Télévie-Websäit