Jiddereen dréit säi Päckelchen
Zesumme komme mir méi liicht virun!
D’Familljen- a Chancegläichheetskommissioun vun der Gemeng Bartreng setzt sech am Kader vun de Semaines de la santé mentale 2026 fir d’Sensibiliséierung ronderëm d’mental Gesondheet an.
Konferenz
13.10.2026
19.00 @ ArcA, Bertrange
Sprooch: Lëtzebuergesch / Simultaniwwersetzung op Franséisch an Englesch
- Mental Fitness a Burn-out: An einer stresseger Welt mental fit bleiwen
Jean-Marc CLOOS
MD, PhD, Psychiatre-Psychothérapeute
Directeur médical du Centre Hospitalier du Nord (CHdN)
- Konscht als Impuls fir Wuelbefannen a Resilienz: D’Plaz vun der Konschttherapie an der mentaler Gesondheet
Christiane BALTES
Art-thérapeute
Atelieren
- Meng Musek, meng Stäerkten, mäi Wee
Association Luxembourgeoise des Thérapeutes à Médias Artistiques - ALTàMA asbl
15.10.2026 @ Maison Schauwenburg
16:00 - 16:45 fir Lycées-Schüler I 17:00 - 17:45 fir Erwuessener
Am Workshop stinn déi eege Ressourcen, d’Selbstwäertgefill an d’Vertrauen an déi eege Fäegkeeten am Mëttelpunkt: Wat kann ech? Wat gëtt mir Kraaft? Wéi kann ech mech ausdrécken a gehéiert ginn? Wéi eng Plaz kann ech an engem Grupp anhuelen?
An engem wäertschätzende Kader, ouni Bewäertung, kënnt Dir verschidde Weeër ausprobéieren, fir Iech selwer an am Kontakt mat aneren ze erliewen. D’Zil ass net déi musikalesch Leeschtung, mee dat, wat duerch d’Musek erlieft ka ginn.
Et si keng musikalesch Virkenntnisser néideg.
- Seng Wallis paken... wat huelen ech mat?
Christiane BALTES & Nikolett NAGI (art-thérapeutes)
15.10.2026 @ Maison Schauwenburg
18:00 - 19:30
Verschiddenes wëlle mer mathuelen, aneres hannert eis loossen an awer och Verschiddenes nei entdecken.An dësem konschttherapeutesche Workshop ass eng Wallis den Ausgangspunkt fir eng kreativ Rees zu den eegene Ressourcen, Erfarungen a Kraaftquellen. Mat Faarwen a Biller entsteet a Raum fir perséinlech Iwwerleeungen, Reflexiounen a Perspektiven. E prakteschen Abléck an d'Konschttherapie mat der Fro, wéi ka kreativt Gestalten eist Wuelbefannen, eis Selbstwahrnehmung an eis Resilienz ënnerstëtzen. Et geet NET drëms Konscht ze erschafen, MEE dorëms duerch Konscht eppes iwwert sech ze entdecken.
Association Luxembourgeoise des Thérapeutes à Médias Artistiques